Episodi

  • Jobwiessel
    Apr 1 2026

    D’Decisioun den Job ze wiesselen an eng aner Carrière unzefänken ass oft net ëmmer een einfache Wee mee wann de Kierper ufänkt Unzeechen ze ginn da soll een deenen nogoen. Wei mir eis Changementer ugaang sinn a wat nach alles sou mat där Entscheedung zesummenhänkt verziele mir dir an dëser Episod.

    All Mënsch kann dee richtegen Job a seng Beruffung fannen an dofir ginn et eng Vielfalt vu verschiddene Arbechtskonzepter wou déi verschidde Besoine kënne respektéiert ginn an dofir soll een sech selwer gudd kennen.

    Des Episod ass den Ofschloss vun eiser Wantersaison a mir freeën eis an enger anerer Saison rëm zréck ze kommen.

    Wann s du wëlls vun den 10% op eise Coaching Offere profitéieren, da mell dech gäre bei eis:

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    39 min
  • D'Zukunft vun der Educatioun
    Mar 25 2026

    Wann et kee Standard Gehier gëtt firwat hu mir ëmmer nach eng Standard Schoul?

    Wei kann eise Schoulsystem sech veränneren dass jiddereen seng Plaz mat ganzem Respekt kënne fannen ouni sech mussen dauernd ze verbéien a géint seng Natur ze goen?

    Wat sinn eigentlech déi Future Skills déi mir eigentlech sollte fërderen an der haiteger Welt?

    Mir hunn allen 2 an der Educatioun geschafft an hu selwer vill Ablécker kritt.

    Mir deele mat dir wéi mir eis d’Verännerung géinge wënschen a wei een och neurodivergent Mënsche gutt an hirem Léiere kann ënnerstëtzen.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    47 min
  • Wat as eigentlech Neurodivergenz?
    Mar 18 2026

    Wat ass eigentlech Neurodivergenz a wei kann ech domat ëmgoen?

    Et ass ee Begrëff deen ëmmer ëfters gebraucht gëtt a mir probéieren opzeklären. Mir verzielen dir wei mir en definéieren, wei mir domat ëmginn a wat eis Asiichten an Usiichten zu deem Thema sinn.

    Virun allem awer wëlle mir beliichten dass Neurodivergenz eng Stäerkt ass déi mer an eiser Gesellschaft an och an eisem Privatliewe wonnerbar kënne notzen.

    Wëssen a Bewosstsinn ronderëm Thema mëscht d'Liewe fir jidderee mei einfach.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    30 min
  • Léift op Käschten vun eis selwer: Good Girl Syndrome a People Pleaser
    Mar 11 2026

    Léift op Käschte vun eis selwer ass geféierlech well et hätt eis laang kleng an hënnert eis un eisem eegene Wuesstum. Et ass eng Befreiung déi Musteren déi eis vu baussen operluecht ginn ze duerchbriechen an erëm an eis voll Kraaft ze kommen. Mir huelen dech mat op de Wee dee mir bis elo gemaach hunn a begleeden dech och gären an dengem Prozess.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    27 min
  • Äetheresch Ueleger - dem Héichsensiebelen sai stäerksten Tool
    Mar 4 2026

    Mir entdecken zesummen d'Welt vun den äthereschen Ueleger, déi mir an eisem Alldag permanent am Asaz hunn. Déi kraaftvoll Essenz vun de Planzen ënnerstëtzt eis an all eisen Themen an ass sou enorm efficace well et eisen denkenden a kriteschen Deel vum Gehier iwwergeet an eis direkt zréck an de Moment bréngt, Des Kéier deele mir eis Léift zu den Ueleger mat dir.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    31 min
  • Selbstverantwortung a Grenze setzen
    Feb 25 2026

    Wa mir wëlle wëll a fräi liewen dann däerfe mir fir eis genee sou astoe wéi mir dat fillen. Do gehéiert vill Kierpergefill an och oft vill Mut dozou.

    Wéi kritt een dat hi mat engem héichsensibelen Nervesystem?

    Wéi huelen ech a bleiwen ech a menger totaler Selbstverantwortung?

    Wéi kommunizéieren ech dat no baussen?

    Mir erzielen dir vun eisen Erfarungen, deene gudde grad sou wéi vun deene mei erausfuerderenden.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    31 min
  • Slow living - Bréng Rou an Zefriddenheet an däi Liewen
    Feb 18 2026

    Kanns du dir virstelle ganz an d'Rou ze kommen an dech sécher ze fillen an dengem Liewen, däi Nervesystem stabil ze hunn a kloer Gedanken ze féieren.

    Mir erklären dir an dëser Episod wei mir dohinner komm sinn a wat eis Erfarungen mat deem Thema sinn.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Mostra di più Mostra meno
    36 min
  • Héichsensibel Kanner an Teenager verstoen a begleeden
    Feb 11 2026

    Mir beschwätzen eis Erfarungen mat héichsensibelen a neurodivergente Kanner an Teenager déi mir an eisem Alldag an och an eisem professionelle Kontext begéinen a begleeden.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Mostra di più Mostra meno
    40 min