wëll a fräi copertina

wëll a fräi

wëll a fräi

Di: Michèle Heusbourg & Michèle Bloes
Ascolta gratuitamente

A proposito di questo titolo

2x Michèle - 100% Gefill - 0% Schimmt.

Mir – Michèle Bloes & Michèle Heusbourg – schwätzen a "wëll a fräi" iwwert Héichsensibilitéit, Nervesystem, Selbstbild, Fraen an der moderner Gesellschaft, Naturverbonnenheet, a nach weider interessant Themen ouni Jugement oder Tabuen.

Als Hosts vum Podcast verbanne mir Wëssenschaft mat Erfarung, Déift mat Humor a Podcast mat Perséinlechkeet.

Eis Episoden si fir déi, déi méi spiere wéi se erkläre kënnen, déi midd sinn ëmmer "staark" ze sinn, an déi endlech fräi liewe wëllen amplaz sech permanent z’adaptéieren.

Egal ob’s de dech grad erëmfënns, dech verluer hues oder dech entfale wëlls – dëst ass däi Raum. Bewosst. Wëll. A fräi.

Wann s du eis wëlls kontaktéieren, fënns du eis op follgenden Instagram Accounts:

@bewosst.heichsensibel (allen 2)

@michi.emotionwave (Michèle Bloes)

@natural_soulflow (Michèle Heusbourg)

Michèle Heusbourg & Michèle Bloes
Igiene e vita sana Psicologia Psicologia e salute mentale Successo personale Sviluppo personale
  • Jobwiessel
    Apr 1 2026

    D’Decisioun den Job ze wiesselen an eng aner Carrière unzefänken ass oft net ëmmer een einfache Wee mee wann de Kierper ufänkt Unzeechen ze ginn da soll een deenen nogoen. Wei mir eis Changementer ugaang sinn a wat nach alles sou mat där Entscheedung zesummenhänkt verziele mir dir an dëser Episod.

    All Mënsch kann dee richtegen Job a seng Beruffung fannen an dofir ginn et eng Vielfalt vu verschiddene Arbechtskonzepter wou déi verschidde Besoine kënne respektéiert ginn an dofir soll een sech selwer gudd kennen.

    Des Episod ass den Ofschloss vun eiser Wantersaison a mir freeën eis an enger anerer Saison rëm zréck ze kommen.

    Wann s du wëlls vun den 10% op eise Coaching Offere profitéieren, da mell dech gäre bei eis:

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    39 min
  • D'Zukunft vun der Educatioun
    Mar 25 2026

    Wann et kee Standard Gehier gëtt firwat hu mir ëmmer nach eng Standard Schoul?

    Wei kann eise Schoulsystem sech veränneren dass jiddereen seng Plaz mat ganzem Respekt kënne fannen ouni sech mussen dauernd ze verbéien a géint seng Natur ze goen?

    Wat sinn eigentlech déi Future Skills déi mir eigentlech sollte fërderen an der haiteger Welt?

    Mir hunn allen 2 an der Educatioun geschafft an hu selwer vill Ablécker kritt.

    Mir deele mat dir wéi mir eis d’Verännerung géinge wënschen a wei een och neurodivergent Mënsche gutt an hirem Léiere kann ënnerstëtzen.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    47 min
  • Wat as eigentlech Neurodivergenz?
    Mar 18 2026

    Wat ass eigentlech Neurodivergenz a wei kann ech domat ëmgoen?

    Et ass ee Begrëff deen ëmmer ëfters gebraucht gëtt a mir probéieren opzeklären. Mir verzielen dir wei mir en definéieren, wei mir domat ëmginn a wat eis Asiichten an Usiichten zu deem Thema sinn.

    Virun allem awer wëlle mir beliichten dass Neurodivergenz eng Stäerkt ass déi mer an eiser Gesellschaft an och an eisem Privatliewe wonnerbar kënne notzen.

    Wëssen a Bewosstsinn ronderëm Thema mëscht d'Liewe fir jidderee mei einfach.

    Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel

    Michèle Bloes @michi_emotionwave

    Michèle Heusbourg @natural_soulflow

    Mostra di più Mostra meno
    30 min
Ancora nessuna recensione