Sport aus der Heemecht - De Podcast copertina

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Di: Ben Schlammes
Ascolta gratuitamente

A proposito di questo titolo

🇱🇺 𝑺𝒑𝒐𝒓𝒕 𝒂𝒖𝒔 𝒅𝒆𝒓 𝑯𝒆𝒆𝒎𝒆𝒄𝒉𝒕: Ee sportleche Podcast iwwer Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen & Erfolleger - éierlech, emotional & no um Terrain. 🏆Ben Schlammes
  • BOX BOX #3 Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen a wéi gesäit et mat eisen Hot Takes aus?
    May 5 2026

    An der drëtter Episod vum Podcast BOX BOX blécken de Ben an de Luc op de grousse Comeback vun der Formel 1 zu Miami zréck a stellen sech dobäi interessant froen: Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen? Wéi steet et ëm dem Max Verstappen seng Zukunft? Ass Williams endlech 2026 ukomm? Wéi wäit kann Aston Martin nach falen? etc. Mir wënschen iech vill Spaass. :)

    Mostra di più Mostra meno
    54 min
  • #4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“
    Apr 7 2026

    Fir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'Säit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger Karriär & hëlt eis mat op säi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp.


    Lauschtert elo déi véiert Episod vu „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus wéi den Delvin vum jonken Nowuessspiller zu enger gestanener Gréisst am lëtzebuergesche Fussball ginn ass, wat hien dofir huet missen opferen, firwat hie bereet war alles fir eng Victoire ze maachen & wat hien um Terrain ausgezeechent huet. Ech wënschen iech vill Spaass.


    Den Opbau vun der Episod:


    0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.

    0'40" - Dofir ass Fussball fir den Delvin méi wéi just Sport.

    2'05" - Jugendfussball beim FC Schëffleng & beim F91 Diddeleng.

    5'15" - Vum Offensivspiller zum Defensivspiller.

    7'15" - Den Iwwergang vum Jugend- an de Seniorsberäich.

    9'50" - Dräi Joer UN Käerjeng: Duerchbroch, Ofstig & Opstig.

    16'20" - Nächst Statioun: Péiteng.

    19'10" - De Retour op Diddeleng & wéi sech ee Veräin aus Lëtzebuerg zwee Mol fir d'Europa League qualifizéiere konnt.

    34'50" - De Racing als lescht Statioun.

    52'35" - Den Delvin beschreift säi Wee als Spiller an zitt ee Fazit.

    59'20" - Dem Delvin seng Dram-Ekipp.

    68'45" - Maach de Saz fäerdeg.

    71'35" - Dem Delvin seng duebel Roll um Racing.

    72'20" - D'Roll als techneschen Direkter vun der Racing-Akademie.

    94'30" - D'Roll als Co-Trainer vun der éischter Ekipp.

    101'25" - Pronostic.

    104'10" - Schlussfollgerung.

    107'50" - Outro.

    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 48 min
  • BOX BOX #2 Bearman schléit an nodeems d'Fuerer Alarm geschloen hunn: Wéi geet et mat der F1 weider?
    Mar 31 2026

    An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Luc iwwer dat, wat si vum Grousse Präis vu Japan zréckbehalen hunn: Wat sinn d'Ursaachen & Konsequenze vum Bearman-Crash? Ass de Kimi Antonelli Favorit op de WM-Titel? Ass McLaren zréck am Kampf ëm Victoiren? Wat leeft beim Max Verstappen? Wee gëtt Teamchef bei Aston Martin & Audi? Zum Schluss kënnt et och zu engem Blind Ranking. Mir wënschen iech vill Spaass. :)

    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 20 min
adbl_web_anon_alc_button_suppression_c
Ancora nessuna recensione