Episodi

  • Episod 133 - Star Wars: Galactic Racer oder DLSS-5? Why not both?!
    Oct 21 2026
    D'Jonge vu Gamer Things erfuersche Galactic Racer. Een hyperséiert, actionverpaakten, süchtegmaachend, adrenalinkickend, hecktegt a stressegt Star Wars Racing-Spill mat allem wat engem Rennspill- a Star Wars-Fan säin Häerz méi héisch schloe léisst. Wat kann dat nach toppen? Ma vläit just nach ee fatzegen DLSS-5-Filter uewendrop, dass ee vergësst, dass et manner wéi ee Mount ass bis Chrëschtdag! Ähm also de Release vu GTA6 - pardon!
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 15 min
  • Episod 132 - GTA 6 News a STAR WARS Galactic Racer ass peak?
    Oct 7 2026
    Et gi weider News zum Summer Blockbuster GTA 6, Star Wars: Galactic Racer ass schonn dat zweet gutt Star Wars-Spill hannerteneen, a WoW 4eva ass den Dram vun alle Gamer iwwer 30. Ass dat wierklech alles esou? Där Fro ginn d'Jonge vu Gamer Things op de Fong an natierlech hunn si och nach ganz vill aner Theeme behandelt.
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 16 min
  • Episod 131 - Blizzcon 2026 weist wéi et geet! Do kann Nintendo just staunen
    Sep 23 2026
    D'Jungs kënne just schwäermen iwwert wéi d'Blizzcon dëst Joer einfach de Leit d'Strëmp ausgedoen huet matt enger gudder Noriicht no der anerer. WoW Forever, Diablo 3, Starcraft FPS an Warcraft 3 DLC. Do staunen de Kirby an de Link nawell net schlecht!
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 4 min
  • Episod 130 - GAMESCOOOM a GTAAA
    Sep 8 2026
    De Mike war op der Gamescom an huet vun do ganz vill Infos an Andréck matbruecht. Ausserdem ass et souwäit, mir liewe lo an enger Welt déi GTA 6 Gameplay gesin huet. Wat eis Nerds dozou soen an nach villes méi, wi gewinnt an dëser Episod.
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 18 min
  • Episod 129 - Vum Summerlach bis GTA 6
    Aug 26 2026
    D’Hëtzt dréckt, d’PCe blosen an de Gaming-Kalenner fëllt sech: mir kucken, wat eis an de nächste Méint nach alles erwaart. Vun Blood of the Dawnwalker, Onimusha a Silent Hill: Townfall iwwer Marvel’s Wolverine, Nivalis an dat neit Castlevania bis bei de groussen Elefant am Raum - GTA 6 - ass fir jiddereen eppes dobäi. Dobäi schwätze mir iwwer Star-Wars-Spiller, de kollektiven Ubisoft-Hate, eis verluere Gedold bei schwéiere Games an déi gutt al Zäiten, an där een dat selwecht Level honnertmol gespillt huet. Ausserdeem: Gaming am Altersheem, eis Léift fir Rocky, de Problem mat Biopics an Dungeons & Dragons am World of Warcraft-Universum.
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 15 min
  • Episod 128 - Netflix Preview fir 6 Stonnen
    Aug 12 2026
    Am Summerlach koum dach trotzdeem nach eng ganz ënnerhalsam News zum groussen Titel GTA6: nämlech, dass Netflix ee ganz gudden Deal gemaach huet a sechs Stonne laang ee Virrecht op de Contenu huet dee Rockstar eisubitt. Wow! Plus: d'Gamescom steet un a wat mécht ee soss nach am Summerlach? Lauschter eran, kuck eran a schwätz mat!
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 10 min
  • Episod 127 - Assassin's Creed Black Flag a lauter RED FLAGS
    Jul 29 2026
    No e bësse Gepotert iwwert Assassins' Creed Black Flag a Resident Evil, maachen d'Jonge vu Gamer Things sech Gedanken iwwert d'Zukunft an de Fait, dass an noer Zukunft keng physesch Kopië vu Spiller méi an de Regaler ze fanne wäerte sinn. Wat bréngt dat mat sech? Kann een et stoppen a wien ass Verantwortlech? Dat a villes méi an dëser neier Episod vu Gamer Things.
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 4 min
  • Episod 126 - GTA, Steam Machine a Memberships
    Jul 1 2026
    Et geet deier hier an der Industrie! Egal ob et 1.000 Euro fir eng Steam Machine sinn oder 100 Euro fir GTA6, ee GTA Premium Membership fir Multiplayer oder den normalen Online Abo. Also ëmmer fläisseg Suen an d'Spuerbéchs leeën! Ass dann alles wierklech elo ëmmer nëmme méi schlecht oder gëtt et awer nach Hoffnung?Lauschter eran a schwätz mat an der neitster Episod vu Gamer Things!
    Mostra di più Mostra meno
    1 ora e 5 min